Mon livre d'or

   999 messages   
Vous devez saisir des informations valides
Nouveau message
mise à jour
wou bleiwen dei vill kritiseiert trainingspräsenzstatistiken dann???

:) :( :O ;) 8) :| :? :# :8 ;( :pp)
E Komiteesmember
Ginn dier deelweis Recht neutralen mat denger Aussoo.Mee datt mer alles bei d Spuerkees droen fannen ech nemmen deelweis richteg.Bei eis krett jo jiddereen e bessen,wierklech en bessi.Fannen et dann awer eng Frechheet waat verschiddener Sondes um Terrain weisen.Wann et mier no geif goen ,geif jiddereen ouni Frang fier den Veräin sain bescht mussen ginn.ob Harel elo Weltzer 3 Equipe ass fannen ech eng blöd Aussoo.Daat ass naid puer.ee puer vun eis trieden jo einfach nemmen arrogant op.Ech sen frouh dat Harel et gepackt huet.Dei hun weenstens zum Schluss gekämpft mat 110 Prozent Asaatz.Verschiddener vun eise Spiller sollen sech hier leeschtung moool einfach iwwerdenken.Hoffen datt et endlech klick mecht an datt eis Supporter endlech mool fier hir 4 Euro eng eierlech an eng serieux Astellung kennen kucken kommen.a
an deem Senn ......
alles guddes
hoffen op eng flott next Saison......................
Neutralen
Fannen et e bessi schwach vu Verschiddenen hei vun enger dretter Equipe vu Wolz ze schreiwen mam stännegen Vermierk op dei eischt Equipe vun Harel. Ass et net ieren den Neid deen hei opkent well dei Verantwortlech vun ons net Emstand sin datt vlait och mol eng Keier een Jugendspiller vu Wolz Richtung Wentger wiesselt anstatt permanent bei dei Greng? Harel zaapt schon jorelang bei Wolz, profiteiert komplett vun der Weltzer Transferpolitik an mir können do keen oofkreien? Zielt daat engem Aneren, mais d'Haaptsaach, mir droen alles bei d'Spuerkees!
:):O:Op)p):O:O
fan FC GREEN-BOYS 77
Jojo, aswfan, du hues recht. Et war knapp, mee mer senn an der 1. Divisioun bliwwen an dat zielt. Mer hun eng jong Equipe (haaptsächlich Spiller vun eis) an wellen an den nächsten Joer och nach 1. Divisioun spillen. Ech muss awer soen dat ech vun Wentger bessen enttäuscht senn. Ech hat gehoft dat der och an der 1. Divisioun géift bleiwen (et ass emmer flot esou een Derby) mee der hut et leider nick gepackt. Stellt iech mol eng Kéier d'Fro FIRWAT??? Mat dem Spillerpotential!! Déi gréisste Gemeng am Land!! Eng gut Jugendarbicht!! An trotzdem packt der et nick fir an der 1. Divisioun mat firbéi ze spillen....
aswfan
allez jungen nächst joër geet et vierun, da muss der kucken rem mat kampf an trainingspräsenz de wee zreck an 1. divisioun ze packen. an daat dommt geschwätzt vun spiller aus der 3. Wëltzer equipe (och nach harel genannt) soll iech nik wéidun, well wann een bedenkt wie knapp daat alles war soll keen de baack ze deck oprappen!!!
2
Hei nach e klengt Undenken un dat blond A...vun Wentger fir eis Equipe "deemols" als Schachequipe duerzestellen. An elo huet hien grad dei beschten Zeit fir ze üben well an der 2. Divisioun wärt wuel kaum dreimol Training pro Woch ugesoot sin.
Dee Richtigen weess schon vun wiem hei rieds geet!
een 85er
lächerlech fir hei telefonsnummeren ze froen. wann der selwer net kapabel sidd fir leit ze kontakteieren dann loost et stoen.
op 1. oder 2. Division, ASW rulez
he?
wi lo? op rtl.lu steet eps aaneres...
Nach emmer 1 Divisio
Mir hun et gepackt. Ween huet loscht ob 1 Divisioun? Num an tel an dir git contacteiert.
een 85er
Wees jo net, mee ech geif soen näichst Joer muss et einfach firun goen, egal wou et ass. Den Oofstieg ass jo secher net daat best waat konnt gescheien ganz kloer net, mee geif einfach soen dass et lo on der Zeit ass ( dei ugaschaaten Jugendaarbescht ), dass di Jonk duerdempen an eis Aalen ( Pardon ) mol Konkurenz maan, an wann eng Gesond Meschung vun Konkurenz an Teamgeest an Kolegialiteit do ass, dann kennt Leestung vum selwen. An deem Senn, bis näichst Joer an dann haalen mer den Bock bei firt eist Scheff rem aus dem Mier an den Ozean ze kreien :)