Mon livre d'or

   999 messages   
Vous devez saisir des informations valides
Nouveau message
Schluckspecht
Wat sin se lo op eemol sou roueg gin.... :)
Grenge Gesell
All respekt fir dei stellungnahm dei mir amfong guer nik hätte missten huelen.
Ech wel just enker opzeelen waten dei Wentger "Engelen" sou verbrach hun:

1.Fläschen a Gläser op den Terrain an ant Bar geheit
2. Schaal an Kaap ant Bar geheit
3. ären President an och anner Comitésmemberen hun ais Spiller Aschlach vernannt wei dei sech warmlaafen gang sen
4.``Huhrensöhne`` Riff
5.dir feiert een zu Wentger op wel den Pol an den Fernand als Witzfigur bezeechent gin sen, an dann macht dir et zu Harel genee selwsicht. Ech mengen wann een et een haleft Joer drop net besser mecht dann soll een einfach de Mond haalen, wel soueppes sprecht net grad fir Iech.

An deem Senn soll een firt eischt iwerleen iert een de Mond grouss oprappt an dann macht dir et next Joer besser.
ASW Fan
@ Green Fanatics
All Respekt fier dei Stellungnahm p)
Green Fanatics
Stellungnahm vun den Green Fanatics zu den Virfäll géint Wëntger
mardi, 24. mars 2009

Heimat wëlle mir, d'Green Fanatics 77, op d'Virfäll während an nom Match géint Wëntger reagéieren, eis Siicht vun der Saach matdeelen an op d'Kritiken, déi - zum gréissten Deel anonym... - un eis geriicht goufen, reagéieren.

Als éischt wëlle mir kloerstellen, dass mir onofhängeg vum Club an vum Comité vum FC Green Boys 77 agéieren. Eist primärt Ziel as et, d'Ekipp sou gudd et geet unzefeieren an ze ënnerstetzen.

Desweideren wëlle mir drop hiweisen, dass d'Riff vu eenzelne Leit aus dem Block net ëmmer onbedengt d'Meenung vun den Green Fanatics as. En Sonnden waren do och e puer Äusserungen gefall, déi ze wait gungen; déi Persounen goufen dun och direkt vu Leit aus dem Fanclub drop opmierksam gemach, dass se daat w.e.g. sollen si lossen. Mir sin der Meenung, dass - bis op déi puer Ausraisser vun eenzelne Leit - d'Gesäng all an engem vertrietbare Mooss waren. Och sin mir net domat d'accord, dass mir als Band vu Vollerten duergestallt gin, dat entsprëcht bei waitem net der Realitéit.

Ausserdem misst et jidderengem kloer sin, dass et bei engem Match Harel géint Wëntger normal as, dass gestëppelt an geblärt gëtt - an dat vu béide Saiten.Och déi Gesäng géint den Gilles waren virauszegesin, an souwuel d'Fanatics wéi och den Gilles konnten gudd mat däer Saach emgoën; nom Match war dat vergiess an et gouf mateneen geschwat an gefeiert. Vun den Green Fanatics as keen deen dem Gilles schlecht wëllt, mee während dem Match kann een net erwaarden, dass mir d'Spiller vun der Géignerekipp ennerstëtzen. Esou Riff gehéieren sait Eiwegkeeten zum Fussball dozou, an wier ee Spiller vu Wëntger op Harel gewiesselt, dann wier deen bestëmmt och net vun den Wëntger Supporter ugefeiert gin.

Trotzdem war déi Aktioun nom Match, wou een T-Shirt vu Wëntger um Terrain verbrannt gouf, zevill dees Gudden. Dofir wëllen mir eis heimat och fir déi Aktioun entschëllegen.

Oofschléissend bleift nach ze soën, dass et aus eiser Siicht ee spannenden an paackenden Derby war an eis Ekipp mat vill Asaatz an Wëllen nach 3 Punkten erzwongen huet. Dofir ee grousst Kompliment un d'Jongen, ee Merci fir den positiven Feedback dee mer vun ville Spiller kruuten, an dir kënnt och an Zukunft op eis Ënnerstetzung zielen!
Effektiv, ...
all Respekt!
Mais ''pour injures et insultes''? Op onse Comité dann och Greisst weisst, bleiwt da mol oofzewarden...
Wentger Fan
Daat hei steet ob www.greenboys.net ze liesen:
"Événements pendant et après le match de championnat Harlange - Wincrange du 22/3/09
lundi, 23. mars 2009

Le comité, ainsi que les joueurs et les membres du F.C. Green Boys '77 Harlange-Tarchamps, tiennent d'exprimer ses plus sincères excuses et ses regrets pour les événements (injures, insultes et brûlure d'un tricot) passés pendant et après le match de championnat du 22 mars 2009.



D'ailleurs nous nous distançons formellement de ces faits, qui n'ont rien à voir avec un match de football, ni de se retrouver sur un terrain de football, où le «fair-play» devrait être primordial pour tous les acteurs.


Nous nous mettons aussi ensemble avec notre club de supporteurs «Green Fanatics 77» pour remédier à cette situation et que pour l'avenir de telles situations ne se reproduisent plus.


En espèrant que vous acceptez nos excuses et en comptant sur votre coopération (ententes, ...) ainsi que sur la bonne collégialité entre nos deux clubs le long des dernières années, nous vous prions d'agréer, Monsieur le président, membres du comité et chers membres, à l'expression de nos salutations sportives les meilleures.



pour le FC Harlange-Tarchamps '77,


Marco Richard
secrétaire "

All Respekt fir de Comité vun Harel
@hareler
haalt einfach är domm schness an kiert bei ärer dier...ass jo net schweier!
den match ass jo lo gespillt an dass lo färdeg...p)
also peace!
@egal wat
wann hei een kretz as dann bass du et wuel. du muss net vill am kapp hun, soss geifs du keng sou schlau kommentaren vun dir gin. soueppes wär dir zu wentger ni kreien, se der neideg????deck tein vun sech kommen lossen, ech sot wel enker Harel am Geneck.
@Wëntger Engelen
Nee, soueppes maacht dir net ;)
Gidd dach Schach kucken oder Ping Pong wann daat do iech well zevill as :D
egal waat
@kannerclub vun harel...mier hätten bestemmt keng toopich schölder gemeet matt der foto vum spiller an bestemmt och nik sou domm geschwaat ....