JUNIORS. Wiltz-Wincrange-Harlange vs. Biwer 7-2 (1-1)
Trainer: Calabic
Hei den Bericht fun den Junioren wei emer rem sou frendlech fun eisen Harler Koleegn geschriw :).
Salut alleguer:p majo den Match haat e bessen chaotesch ugefong mat villen klengen Fehler, dei mat der Zeit emmer seltener goufen,bis et dun an der 25 Minut den Diogo Goncalves woer, deen den Score vun 1-0 erzielt huet.
No desem éischten Gool,as d'Spill sou viirun sech hingeplätschert, an d'chance sen emmer mei rare gin bis et dun no puer Oofstemmungs-schwieregkeeten an der Oofwier 1-1 stung,an den geigner duerch een schoss aus ronn 20 meter agenetzt huet.
Mat dem Score vun 1-1 sen mer dun och an d'Paus gaang. E bessen wei an der eischter halschent huet och dei 2t ugefong,just dass aplaaz vun den klengen fehler d'Torausbeute den Manko war. No 10 Minuten dann huet den Sergio op 2-1 eis Féirung ausgebaut an direkt 5 Minuten dono huet den Sergio sein 2tn Gool um Owend erzielt an konnt op 3-1 erhéigen. D'chance waren ab lo kloer ob eiser Seit, an mir hun d'Spill voll an ganz domnineiert, dun war et och net verwonnerlech,dass an der 70 Minut den Tom Kieffer(ech selwer:P) op 4-1 erheicht huet.
No desem Gool,hun mer eis e bessen ze secher gefillt, an et hun sech e puer Fehler ageschlach, dei dann och no engem Korner et dem Géigner erlaabt hun op 4-2 ze verkierzen,oder villmei eis selwer( Eegengool vum Sedin;) )Nuje,d'équipe huet doropshin erem weidergspillt wei viirun desem Treffer,an mer konnten an der 75 Minut op 5-2 ausbauen,noodeems den Sedin sein Selbstgool erem gutgemeet haat;). Pressing war dann och d'Mettel waat zum 6-2 gefouert huet, an den Sergio konnt sein 3ten Gool viir haut erzielen.
Den 7-2 as 2 Minuten viirun schluss gefall, woumat den Tom sein 2ten Gool viir des Saison erzielt huet.
Dei éischt Halschent hätten mer well missen den Saak zoumaachen, eng handvoll chance goufen ausgeloss. Dei 2t Halschetn woer vill besser, d'équipe huet mat asaaz gespillt, an huet d'Spill kloer dominéiert. Weider sou,wann mer deen engagement an dei nächst Matcher iwwerdroen,wärten dest secher NET eis letzt 3 Punkten gewiescht sen!!Merci un d'ganz équipe!!!
*gärgschitt Tom :O:O