KAERCHER MUSEK

   41 messages   
Vous devez saisir des informations valides
Albert Metzger
Meinen Glückwunsch für die grossartige
Präsentation der Internet-Homepage
Einfach Super ....M.A. Tageblatt
Raymond GREISCH
Et ass schon's ee gudde Moment hier, wou ech e puer Zeilen hei geschriwwen hat. Blouss hun ech déi Androung néierens found. Den Datum vun der lechter Androung läit esouguer nach méi wäit zréck. Als fréiere Musikaunt vun der Kaercher Musek hun ech mer d'Galerie ugekuckt. D'Fotoën si mat Texter ënnerluecht mat den Nimm vun de Leit. A wie kennt déi haut nach alleguer. En grouß Partie vun hinne kennen ech, bei aneren hun ech en Zweifel.
Ech wëll iech awer nach eng Kéier félicitéieren, dass der Kaercher Musek esou gudd an der Riicht haalt.E wéineg hun ech an de 60er an an de 70er Jo'eren zu der Geschicht vun der Kaercher Musek mat bäigedroen. Do, wou Eescht verlaangt gouf, hu mer äis beholl wéi d'Leit, mä et gouf och munch Kaatz geschleeft an do ware mer och alt derbäi. Frot emol de Carlo mat der décker Tromm!
Dan
Ech perséinlech si ganz zefridde mat eisem Galaconcert 2007. Et wor haart Aarbecht a bestemmt net emmer einfach Prouwen (ech wees). Schlussendlech géif ech awer mengen, datt mer et, all zesummen, fäerdeg bruecht hunn, ee gudde Concert ze spillen an ech hunn nemme gutt Kritiken héiren. Nemme weider sou!!! Mir hunn eis scho gutt verbessert vum leschte Joer op dest Joer. Mir hunn ee bleiwenden Androck hannerloos an do musse mer lo weider uknäppen. An ech si sécher, datt mer dat fäerdegbrengen.
Respekt fir eis Solisten an eis ganz jonk Musikanten, déi hir Aarbecht super gemaach hunn. Weider sou, du h..er Musek
Gilles
Flotten Site, gudd gemach.
Kommt och mol bei eis kucken,
www.sisk.lu
Bob
Salut,
also ech hun erem Zeit gehaat ze kommen, ech kann nemmen eppes soen: "daat ass super", io dann weider sou
ciao
Nathalie
mjo, war schon laang net mei hei an wollt dir fränk awer och mol soen dass du deng saach gutt gema hues! an selbstverständlech och deng fotoen gutt jeff!
mandy
majo haat mol engkeier zeit hei hin ze landen,mengen ech muss daat mei oft maan.fannen dei seit super,all respekt frenk(an vergies net,mir kommen engkeier an sauna an an den solarium )
Dan
Eise Moulendag vum 24/09/2006 ass rem hannert eis. Mä ee grousst Kompliment un all déi Leit, déi dee ganze Weekend matgehollef hunn: ech géif mengen et hätt alles méi wéi wonnerbar geklappt an dat dank deem wonnerbaren an agespillten Team wat mir sinn. Jiddfereen huet säint gemaach an zesummen hu mer rem gutt geschafft an alles reibungslos iwwert d'Bühn kritt. Weider sou, du h..er Käercher Musek!!!
insider
Déck cool dat a leschter Zäit emmer méi vun dene vill gematene Fotoen hei optauchen...och wann ech net sou gaer op welche sin Hey Jeff, du mes deng Saach gudd, weider sou An och natielech dem Fränk e grousse Luef
P
Super Programm um Fréijohr´s-concert